Microsoft Teams
Op dëser Säit erkläre mir dir, wat Teams ass a wéi een et benotzt.
Teams ass eng Plattform op där s du kanns mat anere Leit mat oder ouni Video telefonéieren an chatten.
Du hues hei eng Grupp mat dengen Enseignanten a Matschüler, wou dir iech kënnt austauschen.
Et kann och virkommen, dass en Enseignant iech Aufgabe gëtt, déi der musst op Teams ofginn.
Falls mir eng Kéier missten Homeschooling maachen (wou mir dir den Unterrëcht heem iwwerdroen) da wäert dat am Teams passéieren.
Hei ënnendrënner weise mir dir, wéis du dech am Teams umells a weider ënne kanns du dir e Video ukucken, wou beschriwwe gëtt, wéi s du Teams benotze kanns.