MLG - PRISE EN MAIN IPAD

F.A.Q


Ech hunn um iPad keen Internet.

Probéier dech am WiFi-Menü mam „one2one“ ze verbannen. Wann en dech e Passwuert freet, muss du am Helpdesk laanscht kommen.


Ech kréie mäin Hannergrondbild net geännert.

Däin eegenen Hannergrond kanns du eréicht am Gold-Level änneren.


Hëllef, ech hu mäi Code 100 Mol falsch agetippt an elo ass mäin iPad blockéiert.

Fir den iPad ze deblockéieren, muss du am Helpdesk laanscht kommen.


Bei mir ass eng App gro an ech kréien se net op. Den iPad seet mer dauernd, ech misst se am App Store kafen.

Fir dëse Problem ze léisen muss du am Helpdesk laanscht kommen. Mir kënnen der do déi App installéieren.


Ech brauch Eduroam um iPad well ech doheem just dorop zeréck gräife kann.

Schéck eis an dësem Fall eng E-Mail op one2one@mlg.lu. Mir ginn dir d’Rechter fir op dengem iPad Eduroam ze installéieren.


Ech hu mir privat eng App kaf well ech se fir d’Schoul brauch an elo ass se verschwonnen.

Schreif eis an dem Fall eng E-Mail op one2one@mlg.lu, beschreif d+ai Problem a mir kucken däi Problem ze léisen.


Ech sinn nei am MLG an op enger iPad-Klass an ech hunn nach en iPad aus mengem ale Lycée.

An dem Fall transferéiere mer däin iPad eriwwer an eise Lycée. Schreif eis eng E-Mail op one2one@mlg.lu an deel eis däin IAM mat an déi Nummer, déi hannen op dengem iPad steet (du muss dofir d’Housse erof huelen). Wann den Transfert gemaach ass, muss de mam iPad bei eis komme fir dass mer e kënnen zeréck setzen. Dee Moment ginn all d’Apps geläscht, déi am MLG net benotzt ginn an all di Apps, déi s brauchs, ginn installéiert. Huel am beschten all déi Daten, déi lokal um iPad gespäichert sinn, erof, wanns du de Lycée wiessels, well den iPad gëtt dee Moment gespaart an da komme mer un déi Daten net méi drun.


MORE TO COME ...


HOME