OneNote
Op dëser Säit erkläre mir dir d'Benotzung vum OneNote.
De OneNote ass däin digitaalt Heft. Deng Enseignanten hu genau sou Zougrëff op d'Heft wéis du a kënnen dir Aufgaben dra setzen, déi s du ze maachen hues.
Du kanns dës Aufgaben dann direkt am OneNote maachen.
Du kanns och selwer Dokumenter, déi s du op dengem iPad hues, an däin Heft setzen.
D'Aufgaben, déis du am OneNote méchs, kënnen och direkt vun dengem Enseignant verbessert ginn. Hie gesäit esou och direkt obs du deng Aufgabe gemaach hues oder net.