Intro
Wëllkomm op dësem Site. Du kruus ganz rezent däin one2one iPad am Maacher Lycée.
Fir dass du mat dengem Apparat besser schaffen kanns an duerno fit bass fir dësen am Schoulalldag
ze benotzen stellen mir dir hei en puer Texter an Videoen zur Verfügung déi d’Benotzung vum iPad an der Schoul erklären.
Dës Tutorials sinn een Deel vun den Hëllefen déi mir dir ubidden. Wanns du nach weider Problemer
begéins dann zéck net den Helpdesk ze kontaktéieren. Du fënns weider Informatiounen
dozou ënnert dem Link zum Helpdesk mee du kanns och einfach eng Mail op (e-helpdesk@mlg) maachen.
Benotzung vun dësem Site
Hei ënnen drënner fënns du eng ganz Usammlung vun “Kachelen” déi alleguerten een gewëssent Themegebitt vun der Benotzung vum iPad ofdecken. Fänk am beschten bei der “Kachel” zu den "éischten Schrëtt" un an schaff dech derduerch. Du fënns deelweis Videoen an och Textmaterial. Probéier am beschten déi eenzel Saachen aus an vergewësser dech dat däin iPad richteg funktionéiert an dass du mat deenen verschiddenen Saachen eens gëss.