Inscriptions 2025/26

Maacher Lycée

Sortie Cinemaacher Projection du film « A la poursuite du Père Noël »

Pour débuter l’année 2026 sous le signe de la convivialité, les élèves des classes de 7C1, 7C2 et 7G4 se sont rendus au Cinemaacher dans le cadre du cours de français accompagnés de Mme Rodrigues, Mme Inferrera, Mme Schiltz et Mme Stelet. La projection du film À la poursuite du Père Noël a offert un moment d’évasion magique à tous. Entre rires partagés et émotions, cette sortie a favorisé une belle complicité entre les élèves tout en stimulant l'imagination des élèves. Ce fut une expérience joyeuse et enrichissante, marquant un début d'année scolaire placé sous le signe du plaisir d'apprendre ensemble.

Visitt Cité Judiciaire

Den 12.1 war d'3GSO1 op Visitt an der Cité Judiciaire an der Stad.
Nieft allgemengen Erklärungen iwwert de Fonctionnement vun eisem Rechtssystem, duerften d'Schüler 4 Sëtzungen am grousse Geriichtssall suivéieren an sou unhand vu konkrete Fäll vill iwwert de "pouvoir judiciaire" zu Lëtzebuerg léieren.

Visitt ENSA

Am Kader vun der Orientatioun haten interesséiert Schüler vun de Sektioune PS an SN den 13. Januar d’Méiglechkeet, un enger Visite vun der ENSA (École Nationale de Santé du Luxembourg) deelzehuelen. No enger Féierung duerch d’Gebai goufen hinnen d’Sektiounen SI (Sciences de l’Infirmier en soins généraux) an SH (Sciences de la Santé) virgestallt. Donieft konnten d’Schüler och selwer aktiv ginn a bei enger praktescher Unitéit matmaachen.

LASEL Ski-Championnat zu Adelboden 2026

Vum 15. bis den 18. Januar huet de Len Bamberg (2CC) um Ski-Championnat vun der LASEL zu Adelboden deelgeholl.
Nodeems Freides nach konnt e bëssen trainéiert ginn, ass et e Samschden bäi beschtem Wieder a ganz äisegen an haarde Pisteverhältnisser mam Riseslalom lass gaangen.

De Len hat deen 1. Duerchgang bei de Junior/Senioren op der ganz gudder 3ter Plaz ofgeschloss. Hien hat e Retard vun 1’10 op deen Éischten, a grad emol 16/100 op deen Zweeten. Hannert him waren op manner wéi 4 Sekonnen direkt nach 5 Leefer. Et war also net fir am 2. Laf vill ze taktéieren. De Len huet deemno missen alles riskéieren, an ass leider net belount ginn an erausgefall.

Sonndes stoung de Slalom um Programm an dat bei nach ëmmer sonnegem Wieder an awer nach méi schwieregen a glate Pisteverhältnisser.

Hei war de Len no der 1. Ronn dee 5. ginn. Am 2. Duerchgang ass hien dunn déi drëttbescht Zäit gefuer a konnt säi Réckstand op déi 2 Leefer virdrun nach verkierzen. Zum Schluss hunn him leider 5/100 gefeelt fir nach eng Plaz gutt ze maachen. Fir eng Plaz um Podium waren et grad emol 46/100.
Et war eng ganz flott Erfarung fir eise jonke Skirennleefer. Mir soen him Merci, dass hien eise Lycée sou positiv vertrueden huet a gratuléieren him fir seng gutt Leeschtungen!

Orientation 3CG/3CD : Mini business case

Am Kader vun der Orientatioun déi no der 4ème usteet, koum den 10. Dezember den Jean Junck, expert externe, op eis 4C1 an 4C2 fir matt hinnen ee „mini business case“ duerch ze spillen an hinnen sou een Abléck ze ginn waat fir deeglech Challengen sech eng Entreprise ze stellen huet.

An jeweils 2 Gruppen pro Klass hunn d’SchülerInnen sech missen iwwerleen waat ob déi portugiesech Ambassade vu Käschten geif duer kommen wann si een Event fir 210 Leit geifen am Juni 2026 an dem Atrium vum Hotel Sofitel (Grupp Accor) organiséieren. Si hunn Recherchen gemaach zu den jeweilegen Budgetsposten an d’Ziel war et sou no wéi méiglech un den effektiven Budget run ze kommen.

No enger „mise en situatioun“ an Erklärungen haaten d’SchülerInnen 45 Minuten Zeit fir sech dem Challenge ze stellen. Uschléissend hunn sie hir Viirschéi virun der Klass viirgestallt an hunn dem Jean Junck senge Froen misse Ried an Äntwert stoen. Et war ee flotten 90 minütegen Workshop deen de SchülerInnen ee kléngen Abléck an d’Welt vun der Wirtschaft ginn huet.

<
>

Galeries Photos

Cours du soir

Guide iPad

Contactez-nous:

Nom:
Prénom:
Adresse mail:
Message:
Entrez les lettres visibles au-dessus:


Événements futurs:

Cliquez ici pour tous les événements MLG

BTS - Période des examens - semestre d'hiver - Promos 24 et 25

Du: 09-02-2026 au 13-02-2026
Toute la journée

Période des examens - semestre d'hiver - Promos 24 et 25

Cliquez ici pour tous les événements en rapport avec le BTS

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d'améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. Vos données personnelles resteront strictement confidentielles. (Détails)

J'accepte