MENU

Les actualités

volodymyr-hryshchenko-N2swkAjPDJg-unsplash
26.11.2020

COVID-19: Néi Mesuren op e Bléck

A/B-Klassen

Vun e Méindeg u ginn et bis d’Chrëschtvakanz – a wann d’Mesure sollte bäibehaleinn och nach dono - erëm A/B-Klassen. Dat bedeit fir eise Lycée, datt d’Klasse vu 4C/CL bis 2C, vu 4G bis 2G, vu 4TPCM bis 2TPCM, an och d’Klass DP1CM nach just eng Woch iwwer déi aner fir hire Cours an d’Schoul (Präsenzunterrëht) kommen. Déi Wochen, wou se net an der Schoul sinn, hunn si Cours iwwer TEAMS-Videokonferenzen (Homeschooling). D’Klasse ginn net gespléckt. Entweder ass d’ganz Klass an der Schoul oder d’ganz Klass ass doheem.

Semesteren amplaz vun Trimesteren

D’Schouljoer 2020/2021 gëtt fir all d’Klassen an 2 Semesteren agedeelt. Dat 1. Semester geet bis den 12. Februar 2021 an dat 2. Semester vum 22. Februar 2021 bis de 15. Juli 2021.

De Schoulrestaurant

De Schoulrestaurant bleift am Respekt vun den aktuelle sanitäre Mesuren op. D’Dëscher sinn op 4 Persoune limitéiert. D’Offer vun den « Frupstuten » gëtt ausgeweit.

De Schoulsport

Well fir d’physesch a psychesch Wuelbefanne vun de Jonke Sport wichteg ass, gëtt dëse weider ugebueden. Dobäi ginn den Individualsport an Aktivitéiten am Fräie favoriséiert.

Ausflich

All Schoulausfluch a pedagogesch Visitten, sief et hei am Land oder am Ausland, ginn ofgesot.

Sanitär Mesuren

Et gëtt rappelléiert, datt déi bestoend sanitär Mesurë bäibehale ginn. D’Schüler mussen och weiderhin am Gebai, am Haff an och am Klassesall hir Mask undoen, genausou wéi am Schoulbus.


Retour aux actualités

LES GALERIES PHOTOS

Nous vous invitons à aller visiter les galeries photos. Découvrez les impressions du "Maacher Lycée"...